Interview With Coach Alex Pires

An engem Mount starten eis Häre mat hirer Preparatiounsphas. Mat dësem klengen
Interview, wëlle mir iech als Fans, de Coach Alex Pires virstellen. Dir gitt hei och
gewuer, wat dir vun der kommender Saison erwaarde kënnt.

Fir all déijéineg, déi dech nach net kennegeléiert hunn, wéis du fir d’éischt bei eis
Coach waars: Wéi kanns du dech als professionelle Basketstrainer beschreiwen?
Basket war fir mech ëmmer wäit méi wéi just e Sport. Et ass ass fir mech eng
Liewensastellung, eppes  wou ee stänneg Opreegung an Adrenalin spiert. Schonns
vu jonke Joren un, war ech vun dësem Sport ugezunn. Ech hu Stonnen
domat verbruecht, meng Fäegkeeten ze verbesseren an u mengem Kënnen ze
feilen. Et war eng Platz wou ech konnt hiflüchte fir d’Suergen an de Stress vum
Liewen ze vergiessen.

De Basket huet mir Dieren a Méiglechkeeten opgemaach, déi anescht onvirstellbar
gewiescht wären. Ech hat d’Chance a vill verschidde Stied a Länner ze reesen, ech
hu Frënn fir d’Liewe fonnt an hunn op mengem Wee onvergiesslech
Erliefnisser gehat.

Awer de Wee war net ëmmer einfach. Et waren och haart Momenter a Réckschléi
derbäi, déi meng Dreem bal zerstéiert hunn, well ech mat Zweiwel a Kritik
konfrontéiert gi sinn, souwuel vun anere Leit wéi och vu mir selwer. Awer all dëst
huet mech weiderbruecht. Ech si belaaschtbar ginn, hunn meng Ausdauer
verbessert an ech si forcéiert ginn, déif a mir dran d’Kraaft ze fanne fir all
Hindernisser ze iwwerwannen.

De Basket huet mech och geléiert wéi wichteg d’Wäerter vum Teamwork an der
Frëndschaft sinn. Et geet net nëmmen em déi individuell Fäegkeeten an Talenter,
mee och em d‘Zesummenaarbecht fir ee gemeinsaamt Zil ze erreechen. Déi
Relatiounen déi een um Terrain opbaut, si staark an déi zerbriechen net sou séier.
Ech hu geléiert menge Kolleegen ze vertrauen a mech op si ze verloossen.
Virun allem huet de Basket mir ee Gefill vun Zilstreebegkeet ginn, ech hu geléiert
wat Disziplin, Dévouement an haart Aarbecht heescht. All dëst huet mech
gepräägt an zu der Persoun gemaach déi ech haut sinn a mir all déi Wäerter vun
Entschlossenheet an Dynamismus vermëttelt.

Ech schwätzen normalerweis net gären iwwert mech selwer, mee wann et em de
Basket geet, da kann ech net anescht wéi meng Leidenschaft ze deelen. Et ass dat
wat mech am Liewe leed, meng Quell vu Freed a mäi beschte Begleeder an dofir
sinn ech onendlech dankbar.

Wéi ass et dozou komm, dass du bei eis zeréckkomm bass?
Et ass zimmlech onerwaart komm, mee et ass fir mech wierklech eng Éier nees en
Deel vun der Hiefenecher Famill ze sinn. Et ass eis ganz liicht gefall eis ze eenegen,
well mir eis schonns all gutt kannt hunn. Mir hunn elo eng grouss Erausfuederung
virun eis, an ech freeë mech drop, fir mat der Aarbecht lasszeleeën an eis viséiert
Ziler ze erreechen.

De Kader vun der Equipe bleift jo déi kommend Saison zesummen, just de Lou huet
eis verlooss. Kënne mir op der Säit vun de Lëtzebuerger Spiller mat neie Gesiichter
rechnen?
D’Spiller, déi weiderhin hei zu Hiefenech bleiwen hunn bewisen, datt si Charakter
hunn a Courage sech der neier Erausfuerderung ze stellen. Dem Comité ass et
gelongen, d’Equipe mat ambitionéierte jonke Spiller ze verstäerken déi mir
deemnächst wäerte bekannt ginn.

No enger Saison, déi net sou erfollegräich war wéi mir erhofft haten, si mir an d’N2
opgestigen. Elo gëtt natierlech erwaart datt mir d’nächst Joer nees opsteigen.
Mengs du, datt mir dës Zil an der kommender Saison kënnen erreechen a wat fir
eng Ziler hues du dir fir 2023/24 gesat?
D’Äntwert ass einfach: d’Haaptzil ass et déi nächst Saison ze gewannen an nees an
d’LBBL opzesteigen. Dofir musse mir bereet sinn ze kämpfen a virun allem musse
mir eis Géigner respektéieren.

Wéi e Message wëlls du nach un eis US Hiefenech Famill a Fans weiderginn?
Engagement, Belaaschtbarkeet, d’Bereetschaft sech ze sacrifiéieren an
d’Leidenschaft bäi allem wat mir maachen, dat ass dat wat eis Equipe bäi all
Training a Match wäert matbréngen. Ech hoffen datt mir mat ärer
Ënnerstëtzung ziele kënnen, fir datt mir nees dohi komme wou mir higehéieren.

With our Men’s team preparation starting in one month, we decided to do a short interview with Coach Alex Pires so our supporters can know a little more about him and what they can expect from next season.

For those who don’t know you and didn’t follow the team during your first time in Heffingen, what can you tell us about yourself as a professional basketball coach?
Basketball has always been more than just a game to me. It’s a way of life, a constant source of excitement and adrenaline. From a young age, I was drawn to the sport and spent countless hours practicing and coaching my skills and honing my craft. It became my escape, allowing me to forget about the worries and stresses of life.

Basketball opened up doors and opportunities that I could never have imagined. I traveled to different cities and countries, I made lifelong friends and created unforgettable memories along the way.

However, it hasn’t always been easy. There have been hard times and setbacks threatened to derail my dreams as I’ve faced doubts and criticism, both from others and from myself. But through it all, basketball taught me resilience and perseverance and it forced me to dig deep and find the strength to overcome all obstacles.

Basketball has also taught me the value of teamwork and camaraderie. It’s not just about individual skill and talent, but about working together towards a common goal. The bonds forged on the court are strong and unbreakable, and I’ve learned to trust and rely on my players.
Above all, basketball has given me a sense of purpose, it has taught me discipline, dedication, and the importance of hard work. It has shaped me into the person I am today, instilling in me the values of drive and determination.

I may not like talking about myself, but when it comes to basketball, I can’t help to share my passion. It has been my guiding light, my source of joy, and my ultimate companion. And for that, I am eternally grateful.

How did this opportunity to return came up and what made you agree to come back?
It was unexpected, but to be part of the Heffingen family once again is truly an honor. It was easy for us to come to an agreement and already knowing each other helped things run as smoothly as possible. We have a big challenge ahead of us and I’m looking forward to start working in achieving the goals we’ve set.

The core of Luxembourgish players committed to stay at the club for next season, with Lou being the only confirmed departure. Regarding local players, can we expect new faces?
The players’ commitment to the club demonstrates character and courage facing a new challenge. The Committee was able to strengthen the team with ambitious young players that will be announced in due time.

After a less successful season that resulted in the relegation to N2, there is some expectation for the team to achieve the promotion to the highest level of Luxembourgish basketball already next year. Do you feel that your goals for the team next season are in line with that expectation and what goals do you have set for 2023/24?
The answer is simple, our main goal for next season is to win and promote to the LBBL. For that, we must be willing to sacrifice ourselves and, above all, respect all our opponents.

What message would you like to leave for the US Heffingen family and its supporters?
Commitment, resilience, self-sacrifice and passion in all our actions, this is what our team will put on the court in every practice and game. I hope the team can count on everyone’s support so that together we can put the club back where it belongs.