Joel Thesen Retires

Eise Spiller Joel Thesen huet eis matgedeelt, datt hien no 28 Joer, d’Basketsschong wëllt un den Nol hänken. Jo, dir hutt richteg geliest. De Joel huet wärend 28 Joer fir Hiefenech gespillt! Domat ware mir säin eenzege Veräin, obwuel ëmmer erëm aner Clibb probéiert hunn hien als Spiller an hir Reien ze kréien. Och wa mir wossten, datt deen Dag eng Kéier géif kommen, sou ass et awer en trauregt a komescht Gefill, de Joel no sou laange Joren net méi an der rout-gielen Uniform wäerten op der Bänk ze gesinn. De Joel huet e groussen Afloss ob eise Veräin gehat an dofir wëlle mir hien och net ouni en Interview goe loossen.

 

Firwat hues du decidéiert opzehalen?
Ma ech hu schonns déi lescht 2-3 Joer ëmmer erëm driwwer nogeduecht. Ech hu gemierkt, datt ech lues a lues méi al gi sinn (laacht). An där Zäit ass och mäi Meedchen op d’Welt komm, wat natierlech och eng familiär Verännerung bedeit huet. Basket ze spillen ass mat vill Zäitopwand verbonnen an ech hunn, bedéngt duerch déi Ëmstänn déi ech opgezielt hunn, net méi de Wëllen dozou gehat dës Zäit ze investéieren. Am Fong wollt ech schonns no der leschter Saison ophalen. Mee well d’Saison duerch de Covid-19 ofgebrach gi war nodeems mir als richteg cool Equipe de Playoff erreecht haten, hunn ech nach eng Saison drugehaangen. Kee konnt zu deem Zäitpunkt wëssen, datt och dës Saison, bedéngt duerch de Coronavirus, komplizéiert géif ginn. Mee de ganze Corona huet mir d’Saach méi liicht gemaach, fir d’Schong un den Nol ze hänken (laacht).

28 Joer am nämmlechte Veräin, du bass souzesoen am Club opgewuess. Hues du ni driwwer nogeduecht fir bäi en anere Veräin ze wiesselen?
Ech sinn zu Hiefenech opgewuess, als Mënsch an als Basketspiller. Hiefenech war ëmmer mäin Duerf an de Basket eng Famill fir mech. Et stoung fir mech ni zur Diskussioun fir hei fort ze goen. Ech wollt dat, wat ech wollt erreechen, zesumme mat mengem Heemveräin erliewen. Ech si kee professionelle Spiller an dofir war et ganz kloer, datt ech géif heiheem mäi Bescht ginn an, datt ech och a méi schwéieren Zäite géif zum Veräin stoen.

Wéi eng flott Erfarungen an Erënnerunge vun all deene Joren als Spiller géifs du gäre mat eis deelen?
Oh, do sinn der vill, déi ech kéint opzielen. 28 Joer si schwéier an e puer Beispiller zesummenzefaassen. Ech hu vill Saache geléiert, besonnesch wat den Equippesport ugeet. Den Deel vun engem Team ze sinn, mat deenen ënnerschiddlechste Charakteren eens ze ginn, a gudden an a schlechten Zäiten zesummenzestoen, dat alles huet mech perséinlech gepräägt. Ech war bäi ville Matcher derbäi, do drënner ware wichteg Momenter wéi z.B d’Halleffinalle vun der Coupe, mir konnte wichteg Victoire wärend dem Championnat feieren an haten eis trei Fans ëmmer op eiser Säit. Awer am léifsten denken ech un all déi flott Momenter zeréck déi ech mat menge Spillerkollegen, den Trainer, de Membere vum Veräin an de Supporter niewent dem Terrain erlieft hunn. Ech hu vill nei Frënn kennegeléiert, mir hunn zesumme gelaacht, mir hu gefeiert wa mir gewonnen hunn a waren zesumme frustréiert wann mir verluer haten, mir hunn iwwert d’Ursaache vun der Defaite diskutéiert, awer hunn och iwwert perséinlech Saache konnte schwätzen … . Ech hu gäre Basket gespillt awer ech menge meng flottsten Erënnerunge gi beim Comptoir an der Hal un an hunn och oft do (laacht) opgehalen.

Wéi gesinn deng Pläng fir d’Zukunft aus? Bleifs du eis weider am Hiefenecher Club erhalen?
Natierlech bleiwen ech weider hei! Ech wäert am Comité matschaffen an och soss asprangen, wann iergendwou eng Hand gebraucht gëtt. Ech wäert dat weiderféieren, wat mir an de leschte Joren opgebaut hunn. Natierlech wëll ech och nach e bësselche weiderspillen. Dir wäert mech deemno nach bei Häre vun der B an C Equipe um Terrain gesinn.

 

Joel, de ganze Veräin wëll dir e ganz grousse Merci soen, fir deng Loyalitéit, däin Engagement an däin Devouement. Mir sinn eis ganz sécher, dass du och deng nei Aufgab am Club, egal wéi eng dat och wäert sinn, mat deem nämmlechten Devouement wäerts ausféieren. Du gehéiers ganz kloer zu de Legenden vum US Hiefenech. En décke Merci Joel, fir alles wat’s du fir de Club gemaach hues! Bonne Chance fir dat nächst Kapitel an dengem Liewen!

Our very own Joel Thesen has announced to the Club that he’s retiring from the game of basketball, after 28 years at US Heffingen. Yes, you read it right, 28 years wearing Heffingen colors! The only Club he played for despite having offers along the way to join other clubs. Although this day was expected to come eventually, it doesn’t make it any less sad and, after so many years, it will be a weird feeling not seeing Joel on our bench dressed in yellow and red. Due to the huge imapact Joel had on the Club, we couldn’t let it pass without having a talk with him.

 

What made you decide to retire?
I‘ve bee thinking about it already for the last 2-3 years, when I started to realize that I wouldn‘t get any younger (laughs) and also because my family situation has changed with the birth of my little girl. It‘s a lot of time you have to invest and I’m not willing to do that anymore given the circumstances I just mentioned. Actually, I intended to retire last year but as our season was cancelled by Covid-19 after reaching the playoffs with a great group of guys, I decided to play one more year. At that point, no one knew that this season would be even worse regarding Covid-19, but at least it made it easier to me to retire (laughs).

28 years at the Club, you basically grew up playing in Heffingen. What made you stay all these years without wanting to leave?
That‘s right, I grew up in Heffingen as a basketball player and as a person. Heffingen will always be home to me and the club will always be family to me. I never thought about leaving because I always wanted to reach something with my home club. As basketball wasn’t my profession, it was always clear for me that I would stay here and try to help to bring success to the club, even in the tough times.

What did you take from all these years playing at the Club? Any favourite memories?
Oh a lot! 28 years are impossible to put in a few words. Personally, I took a lot from team sports in general and everything that comes around with it. Being a part of a club and especially being a part of a team with different characters, going through good and bad times, shapes your own personality. Obviously, I played a lot of games, we had some special games like the semi-finals of the Cup, we celebrated some important wins in the Championship with great supporters. All in all, my favourite memories are the moments I shared with my teammates, coaching staff, members of the club and with the supporters next to the basketball court. I made a lot of friends, we laughed together, we celebrated wins, we were frustrated after losses, talked about the reasons we lost, talked about personal things other than basketball and so on… I always loved to play basketball but, in the end, my favourite memories started (and sometimes ended) at Heffingen gym’s bar (laughs).

What are your plans now that you’re hanging up your shoes? Will you stay involved?
Yes, I intend to stay as a committee member and help the club wherever it’s needed to stay in the right path we have been going on over the last years. Besides, I also intend to keep having some fun playing basketball for the B or C teams.

 

The Club would like to publicly thank Joel for his unbreakable loyalty, commitment and devotion to US Heffingen as a player. We’re absolutly sure that this way of being will be the same in his new role at the Club, no matter what that will be. If legends trully exist, for sure Joel is one of them, for sure Joel is a US Heffingen Legend. Thank you for everything, Joel! We wish you all the best for this new chapter.