Lara Mores Moves To Heffingen
De Coach Diogo Lopes huet mam Lara Mores onerwaart e wëllkommenen Neizougang fir seng Dammenekipp kritt. D‘Lara spillt am éischte Joer Senior a passt dofir perfekt zu eisem Dammeprofil, deen aus lauter U20-Spillerinne besteet. D’Lara däerf och nach bäi den Espoiren opgesat ginn, déi méi spéit an der Saison nach an enger Véierelsfinall wäerten untrieden. D‘Lara huet am Préizerdaul seng éischt Basketserfarunge gesammelt an hatt huet och do seng Jugendzäit verbruecht. Ab 2017 huet hatt fir déi Steeseler Faarwe gespillt a mat den Dammen 2 Mol d’Coupe an d‘2 Mol d’Championnat gewonnen. D’Lara war och am Nationalkader vun den U14 bis zu den U18 aktiv an huet do 2017 an 2019 bäi 2 europäesche Competitioune matgespillt. Häerzlech Wëllkomm zu Hiefenech, Lara!
–
Coach Diogo Lopes sees his team get an unexpected but very welcome new signing with Lara Mores being added to the team’s roster. On her first year as a Senior, Lara will fit in the workgroup’s profile perfectly as she’s also an U20, making her eligible to play for the Espoires team as well, which will compete in a final four later this season. Originally from Préizerdaul, where she spent most of her Youth time, Lara moved to Amicale Steinsel back in 2017 winning 2 Cups and 2 Championships the following two seasons with the Women’s team. In the meanwhile, Lara also represented Luxembourg from U14 until U18, competing in two Europeans in 2017 and 2019. Welcome to Heffingen, Lara!