
New Faces In Town
Mir däerfen iech haut eis 2 nei JICL Spiller virstellen: den Albin Azemi an de Gerry Schuder. Nodeems den Albin op Lëtzebuerg geplënnert war huet hie bäi der Sparta Bartreng ugefaangen, iert hie bäi de Racing gewiesselt ass, fir do bäi der Jugend ze spillen. Déi lescht 4 Saisonen huet hie beim Racing Härenequipe gespillt. Déi lescht Saison huet hien den Espoirstitel mat dem T71 gewonnen. De Gerry huet a senger Jugend um Gréngewald gespillt iert hie bäi Porsch BBA Ludwigsburg an Däitschland gewiesselt ass. Enn 2023 huet säi Wee hien nees zeréck op de Gréngewald gefouert. De Gerry war och déi lescht Jore fir d’Lëtzebuerger Nationaléquipe am Asaz.
De Lee Bourgeois, dee bei eis keen onbekannte Gesiicht ass, huet elo och en offiziellen Transfert op Hiefenech gemaach, nodeems hien déi lescht Saison just bei eis ausgeléint gi war. De Lee huet a senger Jugend fir d’Résidence Walfer an uschléissend eng Saison Hären zu Miersch gespillt an ass déi lescht Saison du zu eis gestouss. De Louis Kohn huet jo bekanntlech d’Basketsschlappen un den Nol gehaang an den Ewan Mistico huet eis verloss. All déi aner Spiller hunn zougesot a wäerten och 2024/2025 an den Hiefenecher Faarwen oplafen. Déi feelend 2 Profispiller wäerte mir iech geschwënn annoncéiere kënnen.
Deemno setzt eis Härenequipe sech aus follgenden Spiller zesummen:
Albin Azemi, Antoine Medeot, Charel Oly, Frank Jacoby, Gerry Schuder, Jan Stoffel, Lee Bourgeois, Max Schmit, Philippe Arendt, Tim Schomer, Tom Schomer, Yannick Besinius.
–
We are pleased to announce the signing of 2 young JICL talents, Albin Azemi and Gerry Schuder. After moving to Luxembourg, Albin started at Sparta Bertrange changing, later on, to Racing, where he played the rest of his Youth and has been a part of the Men’s team for the past 4 seasons. He was also Espoirs Champion for T71, this past season. Gerry, in the other hand, did part of his Youth in Gréngewald before moving to Porsche BBA Ludwigsburg in Germany, coming back to Gréngewald at the end of 2023. He has also been a part of Luxembourg National team through the years.
We are also happy to inform that, although he’s not exactly a new face, Lee Bourgeois will officially make a transfer to Heffingen, after being on a loan with us last season. Lee played his Youth in Résidence Walferdange and played one season for Black Star Mersch Men’s team before joining us last summer. Regarding the remaining roster, only two players will not continue for next season. Louis Kohn has retired, as announced weeks ago, and Ewan Mistico will be leaving the Club. All our other players committed to stay for 2024/2025. We will announce our 2 professional players soon.
Roster:
Albin Azemi, Antoine Medeot, Charel Oly, Frank Jacoby, Gerry Schuder, Jan Stoffel, Lee Bourgeois, Max Schmit, Philippe Arendt, Tim Schomer, Tom Schomer, Yannick Besinius.