Interview With Jonathan Janssen

Mir begréissen de Jonathan haut an eiser Hiefenecher Famill an hu vun der Geleeënheet profitéiert eis mat him ze ënnerhalen.

Wéi géifs du dech selwer als Spiller beschreiwen a wéi kanns du eiser Equipe hëllefen?
Ech géif mech als ganz villsäitege Spiller beschreiwen. Ech ka souwuel Bannen oder Bausse spillen an an der Defense kann ech verschidde Positioune verteidigen… Ech denken datt ech dem Team kann duerch meng Erfarunge weiderhëllefen, dat souwuel an der Attaque wéi an der Defense. Ech sinn en Teamplayer a freeë mech drop, alles ze maache fir dem Team ze hëllefen ze gewannen.

Genee wéi den Terry hues du och schonns mat dem Trainer Alex zesumme geschafft. Hat dëst en Afloss drop, dass du hei zu Hiefenech ënnerschriwwen hues a wéi eng aner Grënn gëtt et, datt du dech fir eis entscheet hues?
Ganz kloer huet dëst eng Roll gespillt. Ech hunn déiwe Respekt virum Coach, hie versteet d’Spill wierklech a bréngt een an eng Positioun wou ee kann erfollegräich sinn. Ech freeë mech drop, och dës Saison nees mat him ze schaffen a mech all Dag ze verbesseren.

Hues du dir perséinlech an och gemeinsam Ziler fir déi nächst Saison gesat?
D’Zil fir jiddereen an der Equipe ass kloer, mir wëllen nees an d’National 1 opsteigen. Wa mir eis vu Match zu Match kënne verbesseren,  a konzentréiert bleiwen, wäerte mir vill Erfolleg dës Saison hunn.

Wéi ee Message wëlls du der US Hiefenech Famill mat op de Wee ginn?
Ech freeë mech drop derbäi ze sinn. Ech hu jo schonns zu Lëtzebuerg gespillt a freeë mech rëm hei ze sinn.. Ech sinn e frëndleche Kärel an ënnerhale mech gäre mat de Leit dobaussen. Wann der mech also gesitt, zéckt net a schwätzt mech un!

As we welcome Jonathan to the Heffingen family, we took the chance to have a little chat with him.

How would you describe yourself as a player and what do you think you can add to the team?
I’d describe myself as a player with a lot of versatility. I’m confident playing inside or out and like to guard multiple positions. I think I can add some experience to the team, and be able to contribute at a high level on both sides of the floor. I’m a big team guy and look forward to doing whatever the team needs to win!

Just like Terry, you also worked with coach Alex before. Did that have any weight in your decision of signing with Heffingen and what else influenced to join our Club?
It definitely had weight in my decision. I’ve got a lot of respect for coach and he really understands the game and puts you in positions to be successful. I’m excited to work with him this season again and continue to improve every day.

Do you have any personal or collective goals set going for this next season?
The goal for everyone in the team is obviously to move back up to the first league. I think if we can get better every game and keep the focus on that, we will have a lot of success this season.

What message would you like to pass on to our US Heffingen community?
I’m just excited to get out there. I’ve been to Luxembourg before and I’m excited to be back. I’m also a friendly guy and love to get out in the community so if you see me around, don’t hesitate come and say what’s up!