
Schomer Brothers Reunited In Heffingen
Mir si frou iech däerfe matzedeelen, datt nom Philippe Arendt och den Tom Schomer fir d’Saison 2022/2023 bei eis ënnerschriwwen huet. Den Tom a säi grousse Brudder Tim kréien domat d’Geleeënheet fir d’éischt zesummen um Seniorsniveau ze spillen. Den Tom huet bäi den „Les Espérants“ zu Waasserbëlleg seng éischt Basketskierf geschoss. Kuerz drop ass hie bäi d’Musel Pikes gewiesselt wou hien déi meeschten Zäit vu senger Jugend gespillt huet an och als Senior um Terrain stoung. 2018 ass hie bäi d’Sparta gaangen, wou hie bis d’lescht Saison matgespillt huet. A senger Jugend huet den Tom och am Nationalkader vun den U14 bis zu den U18 matgespillt. Fir d’lescht huet hien eis Nationalfaarwen an der 3×3-Meeschterschaft vun den Häre vertrueden. Mir hunn den Tom an engem klengen Interview gefrot, wéi hien déi nei Erausfuerderung gesäit:
“No 4 fantastesche Joren zu Bartreng an 2 Joer mat perséinlechem biergop a biergof, fillen ech mech prett fir eng méi grouss Roll a méi Verantwortung ze iwwerhuelen an dat um héchste Basketsniveau hei zu Lëtzebuerg. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir mat all deem Talent dee bei eis am Veräin zesummekënnt, an der Lag si Grousses fäerdeg ze bréngen, an esou Hiefenech an deem Mooss kënne representéieren, deen d’Equipe verdéngt huet. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir déi kommend Saison sou munch grouss Victoire zesumme feiere wäerten. Wat mech besonnesch freet ass, datt ech dat neit Kapitel mat mengem fréieren Teamkolleeg Philippe Arendt däerf ufänken. Ausserdeem, an dat ass mir am wichtegsten, kann ech erëm zesumme mat mengem Brudder Tim um Terrain stoen. Dëst war schonns laang e Wonsch vun eis 2 an dofir sinn ech frou, datt sech elo d’Geleeënheet erginn huet, datt mir eis dësen erfëlle kënnen. Ech si ganz gespaant, wat déi nächst Saison wäert bréngen an hoffen, datt vill Supporter de Wee op eis Matcher fannen an eis do ufeiere kommen. Allez Hiefenech!”
–
We are happy to announce that after signing Philippe Arendt, the Club will also be bringing in Tom Schomer for 2022/2023, giving both Tom and his older brother Tim the opportunity to play together for the first time in the Senior level. Giving his first steps in basketball on Les Espérants Wassebillig, Tom soon moved to Musel Pikes where he played most of his Youth years until his first years as a Senior player. In 2018 he moved to Sparta where he stayed until this past season. During his Youth times, Tom also represented team Luxembourg from their U14 to the U18 teams and most recently represented the country on the 3×3 Men’s competition. We invited Tom to share some words and this is what he had to say:
“After 4 amazing years in Bertrange and after two years filled with personal ups and downs, I feel ready to take over a bigger role and more responsibility, while still playing at Luxembourg‘s highest level of basketball. I am convinced, that with the talent in this team, we will be able to do some great things and represent Heffingen as well as it deserves. I‘m sure we can celebrate some big wins this season. Next to basketball, this new chapter is sweetened by the reunion with my former teammate and friend Philippe Arendt. Additionaly, and most importantly, after a very long time, I am able to share the court again with my brother Tim. We envisioned this for a long time and now I am happy that we got this opportunity to do so! I‘m exited to see what next season brings, and I hope that many people come to our games to support us! Allez Hiefenech!”