Steve Barzacca Retires From Basketball

De Steve Barzacca huet ugekënnegt, datt hien d’Basketsschong definitiv wäert un den Nol hänken. De Steve ass an der Saison 2016/2017 zou eis gestouss. Leider hatt hien net den erhoffte Start zu Hiefenech, well gläich beim éischten Training huet hien sech seng Achillesseen gerass. Fir de Saisonsstart 2017/2018 war hien dunn erëm op de Been awer et war fir hien eng schwéier Saison, well hien haart geschafft huet fir erëm kierperlech op der Héicht ze sinn. Lues awer sécher huet de Steve eng fest Plaz an der Equipe kritt an hie war ee vun den Haaptacteure vun eiser gudder Leeschtung an dëser Saison.

„Ech wëll all menge Matspiller an de Coache villmools Merci soe fir déi flott Joren, déi ech hei konnt erliewen a fir déi Frëndschaften, déi ech hei konnt schléissen. Merci och dem Comité an all deenen, déi sech an hirer Fräizäit hierginn, fir fir de Club ze schaffen. An net vergiess sinn eis Supporter, déi eis ëmmer, a gudden an a schlechten Zäiten, trei ënnerstëtzt hunn. Ech hunn all Moment zu Hiefenech genoss a sinn immens dankbar, mäin Deel zu deem bäigedroen ze hunn, wat mir erreecht an opgebaut hunn. D’Zukunft vum Club gesäit ganz gutt aus an ech wäert mäin Beitrag ausserhalb vum Terrain bäisteieren.”

Villmools Merci Steve, fir déi läscht 6 Joer, wou’s du fir den US Hiefenech gekämpft an alles ginn hues. Mir wënschen dir nëmmen dat Bescht fir däin neit Liewenskapitel!

Steve Barzacca has announced to the Club that this was his last season playing on LBBL and that he has decided to retire. Steve arrived to Heffingen during 2016/2017, although he didn’t have the luckiest start as he suffered an achilles rupture on his first practice. After recovering from his injury, Steve came back in time for the start of the 2017/2018 season which ended up being a tough one for him due to his physical recovery getting back into shape. Feeling closer to normal, during the next years, Steve started to win his space within the team, becoming an important piece in the team’s amazing LBBL campaign this season.

“I want to thank my teammates and the coaching staff for these great years and the friendship that we built. I also want to thank the US Heffingen Committee and every member that sacrifices their free time for the Club. And not to forget our supporters, that were always there for us even in the bad times. I enjoyed every second in Heffingen and I am thankful that I could be a part of everything we were able to accomplish and build. The future of the Club is bright and I’ll try to give my contribute outside the court.”

Thank you, Steve, for these past 6 years representing and fighting for US Heffingen. We wish you all the best for your new chapter.