Ben Urwald Back To Heffingen

De Ben Urwald ass erëm zeréck zu Hiefenech. De Ben ass eisen zweeten Neizougang fir déi kommend Saison. De Coach Brandão huet mat him e weider Spiller, deen op der Fliggelpositioun kann agesat ginn. De Ben ass 2016 zu eis gestouss. Leider huet hien am zweete Joer Scolaire missten de Club wiesselen, well mir an där Kategorie an deem Moment net genuch Spiller haten. Hien ass dofir bäi d’Residence Walfer komm an huet säitdeem do gespillt. De Ben spillt, säit hien U12 ass, an der Nationalequipe an an der kommender Saison wäert hien do bäi den U20 untrieden. Ben, mir si frou dech erëm an eise Reien ze begréissen!

Ben Urwald is back to Heffingen as the Club’s second signing for the next season, giving coach Brandão one more option in the wing position. Ben joined US Heffingen back in 2016, being forced to move going for his second year of Scolaires as the Club didn’t have enough players at the time to form a team, deciding to join Résidence Walferdange, club he has been representing since then. Ben has also been a part of Luxembourg national teams since U12, being on his way to be a part of the U20 next season. Welcome back, Ben!