Diogo Lopes Stays As Women’s Head Coach

Den Diogo Lopes fänkt elo seng fënnefte Saison bei eis un. Et ass gläichzäiteg seng zweete Saison als Dammentrainer. Leider ass seng éischt Saison bäi den Dammen, bedéngt duerch de Covid-19, fréizäiteg ofgebrach ginn. Den Diogo hofft elo mat senger jonker Equipe, erëm sou e gudde Start an der National 2 ze hunn, wéi dës Saison an, dass si kënne bis zum Schluss duerchspillen. Den Diogo iwwerhëlt och erëm d’Aufgab vum Jugendkoordinator. Ganz besonnesch läit him säit Joren um Häerz, fir de Club am Jugendberäich weider ze bréngen. Dëst gesäit een drun, datt d‘Zuel vun eise Jugendspiller ëmmer weider klëmmt. Zesumme mat e puer Spillerinnen, wäert den Diogo sech weiderhin ëm d’Kiddies, d’Prépoussins, d’Poussinen, d’Fillettes, d’Filles Scolaires an d’Cadettes këmmeren. Diogo, mir wënschen dir eng ganz gutt Saison.

Already going for his fitth season in Heffingen, Diogo Lopes will be coming back for a second run as our Women’s Head Coach. After a season cut short due to Covid-19, his first coaching a senior team, Diogo hopes to be able to repeat this year’s good start with his young team on National 2 in the upcoming season, this time, hopefully with no stops. Besides keeping his role as Women’s Head Coach, Diogo will also keep being our Youth Coordinator where he has been developing an important job over the last couple of years helping the Club increase its numbers on youth. With the help of some of his players, Diogo will also be taking over Kiddies, Pré-Poussins, Poussines, Fillettes, Filles Scolaires and Cadettes. We wish Diogo a good season!