Week With Two Opposite Stories

Géint eng vun de beschten Equippen aus der TOTAL League, hu mir e Mëttwoch 2 komplett verschidden Hallschenten erlieft. Bei der Schlusssireen louch den Ënnerscheed zwar bäi 40 Punkten, mee dëst spigelt net onbedéngt de Verlaf vum Match erëm. Déi éischt 20 Minutten hu mir eng gutt Defense gespillt. Doduerch hu mir deenen Ettelbrécker Hären erlaabt nëmme 35 Punkten ze schéissen a mir si mat engem Réckstand vun 3 Punkten an d’Paus gaangen. No der Paus hunn déi Ettelbrécker méi eng aggressiv Defense gespillt. Bedéngt duerch 5 Matcher an 3 Wochen, huet sech an eise Reien zu deem Moment eng verständlech Middegkeet gewisen. Et ass zu méi Turnovers komm a mir hu verschidde Schëss forcéiert. Mir hunn eis Spiller méi oft ausgewiesselt, sou datt jidderee méi Spillminutte kritt huet. Leider huet sech dunn och nach eise jonke Spiller, den Dylan Makosi onglécklech verletzt. Seng ausgekuggelt Schëller bedeit fir hien, datt hien déi kommend Woche muss pausen.

E komplett anere Match konnte mir e Samschdeg erliewen. Vun der éischter Minutt un, hat eis Equipe alles ënnert Kontroll an dëst well se mat der richteger mentaler Astellung op den Terrain komm sinn an dem Géigner mam néidege Respekt entgéintgetruede sinn. Dëse Match war liicht fir eis, well mir en ugaange sinn, wéi wann et de wichtegste vun der Saison wär. Direkt am Ufank hate mir en 15:0 Laf. Mir hunn de Ball gutt dréie gelooss an duerch den Drock, deen déijéineg déi grad de Ball haten an der Offense opgebaut hunn, hunn mir et fäerdeg bruecht all Véierel ze gewannen. All eis Spiller sinn agesat ginn a jiddereen huet mat e puer Kierf zum Endresultat bäigedroen. Och dëse Match huet e batteren Nogeschmaach. An der 5 Spillminutt huet de Joel Thesen sech verletzt. Doropshin huet hie missten den Terrain verloossen. Leider wësse mir am Moment nach net genau wat de Joel huet, mee mir drécke ganz fest d’Daumen, datt et net ze schlëmm ass an datt hien erëm ganz geschwënn matspillen däerf.

Against one of the best TOTAL League teams, wednesday’s game had two completly distinct parts ending with a deceiving 40-point difference on the final score. In the first 20 minutes, our team goes to halftime trailing by 3 points, due to a great defensive display which made Etzella go out of their comfort zone and score just 35 points. In the beginning of the second half, with an increase of defensive agressiveness from the home team, and with the team showing some tiredness from the 5 games played in the last 3 weeks, there was an increase of turnovers and forced shots. As the second half unfolds, there was a bigger rotation with all players getting minutes of play. The most negative note of the game was the injury of our young players Dylan Makosi that was forced to leave the game due to a dislocated shoulder and will have to sit out for a couple of weeks.

On a totally different note, saturday’s game was always under control because the team got on the court with the right mentality, respecting the opponent. The game turned out to be an easy one because the team faced it like it was the most important game of the season resulting on a 15-0 run start. Sharing the ball well and putting pressure in the player pushing the ball to offense, our guys won all four quarters from the game with all players having plenty minutes of play and everyone scoring points. Unfortunately, at the end of the first 5 minutes of play, Joel Thesen got hurt and was forced to leave the game. Without knowing the extent of his injury, we all hope it’s nothing too serious so he can come back as soon as possible.

 

MEN
Etzella 93-53 Heffingen
1Q: 16-19 | 2Q: 35-32 (19-13) | 3Q: 73-44 (38-12) | 4Q: 93-53 (20-9)
STARTING 5: SCHMIT Max (11), SCHOMER Tim, BARZACCA Steve (2), VINSON Terrell (23), STEPHENS Nelly (9).
OLY Charel, THESEN Joel (6), DI GIAMBATTISTA Jo (2), MAKOSI Dylan.

 –

Heffingen 112-64 Telstar
1Q: 28-11 | 2Q: 50-32 (22-21) | 3Q: 80-56 (30-24) | 4Q: 112-64 (32-8)
STARTING 5: SCHMIT Max (22), THESEN Joel, BARZACCA Steve (3), VINSON Terrell (19), STEPHENS Nelly (15).
OLY Charel (10), SCHOMER Tim (9), DI GIAMBATTISTA Jo (11), SCHMIT Tim (23).