
Men Lose In Dramatic Derby While Women Keep Their Winning Streak Alive
Eis Häre si schlecht an de Match gestart an si hunn sech dofir déi éischt Hallschent ni richteg sécher gefillt. An der 2.Hallschent hu si reagéiert an hunn och d’Féierung iwwerholl. De Match ass awer bis zum Schluss ganz serréiert bliwwen. Eis Trefferquote louch ënnert eisem Duerchschnëtt a mir hunn de Ball ganz schlecht an den entscheedende Momenter vum Match gemanagt. Dëst huet eis d’Genéck gebrach a mir hunn de Match, deen an eng duebel Verlängerung gaangen ass verluer, dëst obwuel mir d’Chance souwuel zum Schluss vum 4. Véierel wéi och vun der 1. Verlängerung haten ze gewannen.
Eis Dammen hunn bis elo all hir 3 Matcher gewonnen. Duerch e gudde Start hu si et fäerdeg bruecht mat 14 Punkte Virsprong an d’Paus ze goen. An der éischter Hallschent huet och all Meedchen d’Chance op e puer Minutte Spillzäit kritt. No der Paus hu mir dës Avance nach weider ausgebaut a 7 Minutte virun der Schlusssireen louch de Kordall schonns 26 Punkten hannen. Déi lescht Minutten huet an eise Reien d‘Konzentratioun an d’Spillintensitéit nogelooss. De Kordall huet dovu profitéiert an no en etlech Turnovers mat Fastbreaks reagéiert. Sou konnten eis Géignerinnen hire Réckstand verkierzen awer d’Zäit huet fir eis gespillt.
–
The Men’s game was marked by a bad start from our guys which made the team to never feel comfortable during the first half. In the second half, the team reacted and maged to take the lead with the game being close until the end. Our shooting percentages below average and our bad ball management during crucial times of the game dictated our loss after a double overtime, with our guys having the chance to win the game on both the ends of the fourth quarter and the first overtime.
Our girls, in the meanwhile, managed to get their third win in the same number of games. With a good start, the team took a comfortable lead going to halftime winning by 14, with all players counting minutes on the court. The second half started the same way, with the pontual gap increasing even more, and with 7 minutes to go Kordall was already trailing by 26. During the last minutes of the game, our girls lost their focus and intensity, allowing the opponent to cut the lead with multiple fastbreaks after turnover but the time was in our favor.
Heffingen 69-79 Larochette
OLY Charel, THESEN Joel (3), SCHOMER Tim (3), DI GIAMBATTISTA Jo, SCHMIT Tim (2), MAKOSI Dylan.
–
Kordall 54-69 Heffingen
DI GIAMBATTISTA Mara (5), RIES Charline, WAGNER Anne, SANTOS Joyce (3).