
Interview With Daniel Brandão
Eisen neie Coach, den Daniel Brandão, huet elo kierzlech der portugisescher Basketballfederatioun an engem Interview erkläert, wéi hien seng Zukunft zu Lëtzebuerg a besonnesch beim Hiefenecher Club gesäit.
Erzielt eis kuerz eppes iwwert ären neie Veräin, de BBC US Hiefenech, doriwwer wéi zu Lëtzebuerg d’Championnat ofleeft an iwwert Är gréissten Erausfuerderungen.
De BBC US Hiefenech ass e Veräin, deen déi lescht 10-15 Joer ëmmer erëm an d‘1.Divisioun (TOTAL League) opgestigen ass, sech awer ni laang do konnt halen. Meng éischt Erausfuerderung besteet doran, de Club, deen duerch eng gutt lescht Saison opgestigen ass, an der 1.Divisioun ze halen. Ech wëll gutt Bedingunge schafen, fir dass d’Qualitéit vun eisem Spill sech weider verbessere kann. E wichtege Punkt ass och e Gemeinschaftsgefill tëschent der Equipe an de Supporter ze schafen, sou datt jiddereen sech mat eisem Club identifizéiert an eis Fans eis all Weekend ënnerstëtze kommen, datt mir sou méiglechst vill Matcher gewannen an eist Zil erreeche kënnen. Ech wäert versichen, de Jugendberäich opzewäerten, andeems mir méiglechst vill Spiller motivéiert kréie fir bei eis am Club ze spillen an ech wëll probéieren och do an der héchstméiglecher Divisioun matzespillen. Dernieft hëllefen ech gären all deenen aneren Trainer aus dem Club, datt si sech ëmmer weider verbessere kënnen. Duerch all dës Aktioune wëll ech mäi bescheidene Bäitrag zur Entwécklung vum Lëtzebuerger Basketball bäidroen.
Wéi gesitt Dir dës nei Aventure aus professioneller Siicht?
Ech denken, datt deen neien Challenge genee zum richtegen Zäitpunkt vu menger Carrière komm ass. Obwuel ech nach relativ jonk sinn, huet et mech elo schonns eng Zäit laang gereizt, fir mir eng Erausfuerderung ausserhalb vu Portugal ze sichen. Ech sinn der Meenung, datt et fir d’Weiderentwécklung vun all Trainer onerlässeg ass, de gewinnten Terrain ze verloosse, fir nei Saachen an nei Sportkulturen auszeprobéieren a kennenzeléieren. Ech wëll dobausse weisen, dass mir am Portugal gutt Coachen hunn, déi et fäerdeg bréngen all Zorte vu Barrièren ze iwwerwannen. All dës Fakte wäerte mir hëllefe mech selwer an deenen ënnerschiddlechste Beräicher weiderzebréngen. De Comité vum Club huet mir d’Entscheedung liicht gemaach, well si mir dësen ambitiéise Projet ouni ze zécken uvertraut hunn. Sou ware mir eis ganz séier eens, datt ech de BBC US Hiefenech géif iwwerhuelen.
Wéi eng Bedeitung huet d‘Erfarung, déi Dir souwuel beim Club „Terceira Basket“ wéi och beim Club „Galitos do Barreiro“ gesammelt hutt, fir Är nei Erausfuerderung?
D’Tatsaach, datt ech elo schonns 6 Saisonen als Coach vun de Senioren an der Proliga (2.Divisioun) an an der 1.Divisioun geschafft hunn, huet mir gehollef sou munch Erfarungen ze sammelen. Ech hunn mat vill verschiddene Spiller zesumme geschafft, a hu vill vun hinne geléiert. Natierlech hunn ech och mol Feeler gemaach, mee all dëst huet mech a menger eegener Entwécklung weiderbruecht. Doduerch fillen ech mech och prett fir mech der neier Erausfuerderung ze stellen.
Viru kuerzem hutt Dir eng Zäit an den USA verbruecht fir do ze beobachten, wéi bäi hinnen d’Championnat ofleeft. Wat ass Iech do besonnesch opgefall?
Et war fir mech eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir déi 3 Piliere vum amerikanesche Basketball a kierzter Zäit kennen ze léiere – High School, NCAA an NBA. Wat mech am meeschte beandrockt huet war dat ganz Ëmfeld am Déngscht vun den Equippen, ugefaange bäi den Halen, dem medezinesch Encadrement, dem Fitnessberäich, … . Zil ass et fir eng bescht méiglech Leeschtung vun all Spiller erauszekréien an dofir gëtt bäi hinnen all Decisioun och ëmmer mat alle Membere vum technesche Stuff a mat dem Headcoach ofgekläert.
Our new coach, Daniel Brandão, was interviewed by the Portuguese Basketball Federation to talk about his future in Luxembourg representing the US Heffingen colors.
Tell us a little about your new club, the BBC US Heffingen, and the Luxembourg competition. What are the biggest challenges?
The BBC US Heffingen is a team that in the last 10-15 years has not been a constant presence in the first league of Luxembourg (TOTAL League). The first challenge is, after this season’s excellent campaign in the 2nd Division which made the club return to the TOTAL League, to try to stabilise the club at that competitive level. I also want to create conditions for our quality of play, create a communion and identification of the team with the supporters of the club, so that every weekend they can help us win enough games to make us meet our goals. I will also try to help the club to grow on Youth, increasing the number of players, their teams’ competitive level and help the coaches of the club to improve. In a way, I intend to give my modest contribution to the development of the luxembourgish basketball.
How did you see this new adventure in professional terms?
I think that this opportunity came at the right time in my career. Despite being a young coach, I’ve been tempted for some time to embrace a challenge outside the country. I believe that it’s very important for the evolution of any coach, to be able to leave his comfort zone, to try new things, different sports cultures, and have the opportunity to show that there are quality coaches in Portugal able to overcome all kinds of barriers. Surely, all these factors will will reflect in growth at many levels. It was also decisive the will that the club’s board showed in counting with me to lead the sports project and it was very easy to reach an agreement to join the BBC US Heffingen.
What is the importance of your Terceira Basket and Galitos Barreiro campaigns for this new experience?
The fact that I’ve already spent six seasons as a senior coach at Proliga (Second Division) and main League (First Division) made me go through different contexts, work with lots of players from whom I’ve always learned, something that made me improve and also made some mistakes from which I’ve tried to learn from. That way, I feel more prepared at this stage for the challenge ahead.
Recently, you spent some time in the USA see what’s going in the main competitions. What kind of notes did you take from this visit on american soil?
It was, without a doubt, a unique opportunity to get to know, in a short period of time, the three realities of the american basketball – High School, NCAA and NBA. The things that impressed me the most were, without a doubt, the facilities at the service of the teams, from courts, medical department, gyms, etc. All this, in order to get the maximum performance from the players and the importance of their technical staff, the tasks of each one of their members in connection with the head coach.