
Fillettes Attend FLBB’s “Journée Nationale du Basket”
Mir hu gëschter mat enger Fillettesequipe um traditionellen 3×3 FLBB-Jugendturnéier fir Poussins/Poussines a Mini/Fillettes zu Diddeleng deelgeholl. Eis Equipe (zesummegesat aus 2 Meedercher déi am 1 Joer Fillettes spillen an 1 Poussine) huet 2 vu 5 Matcher gewonnen an sech domat déi 4. Plaz geséchert. Eis Meedercher si géint d’Fillettes vum Gréngewald, dem Racing Lëtzebuerg, der Sparta Bartreng a vum T71 Diddeleng ugetrueden.
FLBB’s traditional 3×3 Youth Tournament for the Pousssins/Poussines and Minis/Fillettes levels took place yesterday in Dudelange and US Heffingen was present with a Fillettes team. The team, composed by 2 first year Fillettes and 1 second year Poussine, managed to get 2 wins in 5 games and finished the competition in the 4ᵗʰ place that included teams from Gréngewald Hostert, Racing Luxembourg, Sparta Bartrange and T71 Dudelange.