
USH Upgrades Its Weightroom
Eise Club freet sech riseg driwwer, datt eise Fitnessraum komplett erneiert konnt ginn. Sou erlabe mir eise Spiller ënnert optimale Konditiounen hir kierperlech Fitness ze verbesseren. Dëst war just méiglech duerch e léiwe Geste vun der Famill Hoffmann, déi spontan decidéiert hat, eis en Deel vun hire Fitnessgeräter ze schenken, nodeems hire Studio “New Exercise” am Dezember seng Dieren zougemaach hat. Mir soen der ganzer Famill Hoffmann en décke Merci fir dee generéisen Don a wënschen hinnen all nëmmen dat Bescht fir hir nei Projeten. Mir wëllen och all deene Merci soen, déi eis gehollef hunn all déi Geräter bei eis an d’Hal ze plënneren. Mir verspriechen iech, datt mir vun dësem neien Equipement wäerte beschtméiglech profitéieren.
The Club is happy to see its weightroom suffer a major upgrade that will allow our players to have better conditions to work physically. This upgrade was only possible thanks to the good will of the “New Exercise” and the Hoffmann family that, after deciding to close the Fitness Center’s doors back in December, donated their some of their equipment to us. A really huge thanks to the Hoffmann family and all the luck for their future projects. We would also like to thank everyone that helped moving all the equipment to our gym. It will be put to good use.