Women’s Team Wins FLBB Cup

Eis Damen hunn, no hirem Neistart dëst Joer, direkt d’Coupe FLBB gewonnen. Fir d’läscht hu mir dës Coupe virun 3 Joer konnte mat heem huelen. Eis Meedercher hunn op hirem Wee an d’Final souwuel Keelen wéi och d’Arantia aus der Fiels geklappt. Déi decisiv Partie géint den AS Zolwer war am 1.Véierel nach relativ serréiert (13-10), mee duerno hu mir déi Zolwer Damen dominéiert an de Match ass bei engem Stand vun 69-31 ofgepaff ginn. Op der anerer Säit hunn eis Hären et awer net fäerdeg bruecht hir Leeschtung vun der viregter Ronn ze widderhuelen. Si hunn eng schwéier Defaite géint Ettelbréck agestach, déi e Sonndeg einfach net ze stoppe waren. Ettelbréck, déi am Moment op der éischter Plaz vun der TOTAL League stinn, ware vun Ufank un decidéiert ze gewannen an sou konnte mir eis Avance vun 10 Punkten och net laang halen.

 

On its first year back to competition, our Women’s team wins the FLBB Cup. After 3 years since the last time US Heffingen won this trophy, our girls made their way to the Final by beating Kehlen and Arantia Larochette. In the deciding match, we faced AS Soleuvre and although the first quarter ended up being close (13-10), the same can’t be said about the rest of the game in which US Heffingen dominated setting the final score on 69-31.
On the other hand, our Men’s team was not able to repeat the feat of the previous round and suffered a heavy loss against an unstoppable Etzella Ettelbruck. The current first place of TOTAL League entered the game decided to win and it was a matter of time until they managed to take the lead from the initial 10-point deficit.

Leave a Reply

You must be logged in to post a comment.