
Angel Aranda Replaces Stacey Nolan
Den Angel Aranda Saiz iwwerhëlt als Cheftrainer d’Härenequipe zu Hiefenech, nodeems de Stacey Nolan aus perséinleche Grënn de Club verlooss huet. Den Angel ass e professionelle spuenesche Coach (Niveau 3 FEB), deen de gréissten Deel vu senger Carrière a Spuenien geschafft huet. Hei huet hien U10 bis Seniorsequippe gecoacht an dat souwuel bäi den Damme wéi och bäi den Hären. Déi lescht Saison huet hien éischt Auslandserfarungen am Frankräich gesammelt. Hien war bis Januar Assistant Coach bei der Dammenequipe vu Perpignan Le Soler Métropole an uschléissend huet hie bis zum Schluss vun der Saison d‘Häre vum Sanary Basket Club iwwerholl. Hien huet mat dëser Equipe d’Championnat gewonnen an den Opstig an d’NM3 gepackt.
Mir soen dem Stacey villmools Merci fir seng Aarbecht a wënschen him all Guddes fir seng Zukunft. Mir wënschen den Angel vill Erfolleg mat sengen neien Equippen. Hien wäert niewent den Hären och d’Minis, d’Filles scolaires an d’Cadetten trainéieren. Häerzlech wëllkomm bei eis zu Hiefenech Angel!
Angel Aranda is the new US Heffingen Men’s head coach, replacing Stacey Nolan that decided to leave the Club for personal reasons. Angel is a spanish level 3 (FEB) professional coach that spent most of his career in Spain where he worked with teams from U10 to senior level, both Men and Women. Last season, he had his first foreign expericience moving to France where he worked as Perpignan Le Soler Métropole Basket Women’s assistant coach until January, time where he took over the Sanary Basket Club Men’s team until the end of the season, winning the championship and granting them the promotion to NM3.
We thank Stacey for all his work with our teams and wish him all the best for the future. As for Angel, that will also be coaching the Minis and Filles Scolaires/Cadettes teams, we wish him all the success in the world for the rest of the season. Welcome to Heffingen!