Meet Our Coaches For 2018/2019

All Equipe huet säin eegenen Trainer zougesprach kritt an deemno wäert de Veräin an dëser Saison mat 3 Coachen schaffen. Den amerikaneschen Trainer Stacey Nolan ass säit 15 Joer professionellen Trainer souwuel bäi den Häre wéi och bäi den Damen. Eisen neien Härentrainer ass deemno keen Onbekannten am europäesche Basket. Éischt Erfarunge mam europäesche Basket huet hien an Éisträich gemaach wou hie 4 Härenequippen trainéiert huet: Turnerschaft Innsbruck (zweet Liga), UBSC Graz (zweet Liga mat Opstig an d’éischt Liga), BC Wien (1. Divisioun) a Starwings Basel (1. Divisioun). No Éisträich huet de Stacey a Rumänien gewiesselt an huet do 4 Dammenequippen trainéiert: BC Sepsi (1. Divisioun an Euro Cup), BC ICIM Arad (mat hinnen huet hien a senger 2. Saison de Champion an der 1.Divisioun gewonnen an en huet, an alle béid Competitioune wou si gespillt hunn, d‘Coupe gewonnen). Am nämmlechte Joer ass hie Cheftrainer bäi der rumänescher Damen-Nationalequipe ginn. Zum Schluss huet hien a Rumänien och nach de BC Mureş (1. Divisioun) trainéiert. Déi Saison drop ass de Stacey Assistenztrainer bäi den Oettinger Rockets Gotha (2. Basketball Bundesliga Pro A) ginn iert hien als Trainer bäi d’Härenequipe vu Panaceo Raiders Villach (Éisträich) gewiesselt ass. Zum Schluss ass hien nach eng Kéier zeréck bei den ICIM Arad gaangen iert hien elo bei eis op Hiefenech komm ass. Mir sinn iwwerzeegt, datt de Stacey de richtege Mann ass a perfekt bei eis Härenequipe passt, well hien Erfarung dran huet Equippen ze encouragéieren an se an der folgender Saison op dem héijen Niveau ze halen. Hien trainéiert bei eis d’Härenequipe, d’Minis, d’Cadetten an d’Filles Scolaires.

Wéi schonns ugekënnegt, wäert d’Julie Kremer eis Dammenequipe coachen. D‘Julie huet seng läscht 12 Saisonen fir d‘Résidence Walfer gespillt an gouf während der Zeit och fir d‘National Ekipp geruff an mecht am moment sein C-Trainerschein.

Den Diogo Lopes wäert seng Aarbecht bäi de Poussins an de Fillettes 2018/2019 weiderféieren. Den Diogo war Basketball-Koordinator op der Universitéit vun Aveiro (Portugal) iert hien d’läscht Saison bei eis op Hiefenech komm ass an do seng éischt offiziell Trainerroll iwwerholl huet. Ënnert senger Leedung ass d’Härenequippe vun der Uni 3 mol nationalen Universitéits-Champion ginn an d’Dammenequippe konnt dësen Titel direkt 5 mol feieren. Op Grond vun dëse gudde Resultater konnt hien seng Equippen 3 mol op d’Europameeschterschafte vun den Universitéite begleeden (Spuenien, Slowenien an Ungarn). Well d’Stad Aveiro zu dem Moment keng Härenequipe hat, huet den Diogo e Projet lancéiert deen doran bestoung all Unisspiller an engem Club, dem Club SC Beira-Mar, zesummenzeschléissen. Dës nei Equipe, déi haaptsächlech aus Uni-Studenten zesummegesat war, huet no 2 Joer schonns den Opstig an d‘2. Divisioun gepackt. Den Diogo huet d’läscht Saison niewent senger Jugendaarbecht am Club ugefaangen (genee wéi och d’Julie) de C-Lizenz-Trainer-Schäin ze maachen.

Mir wënschen deenen 3 Trainer vill Freed bäi hirer Aarbecht a besonnesch vill Erfolleg dës Saison!

 

Every team’s coach has been settled and the Club will rely on three coaches for the upcoming season. Stacey Nolan, american coach, that arrives to Heffingen to lead the Men’s team, has been coaching professionally for 15 years, men and women, and is no stranger to european basketball. His first experience in Europe was in Austria where he coached four men’s teams. Turnerschaft Innsbruck (second division), UBSC Graz (Second Division) where he managed to get the promotion to first division, BC Vienna (First Division) and Starwings Basel (First Division). After Austria came Romania and here Stacey coached four women’s, the BC Sepsi (First Division and Euro Cup), BC ICIM Arad where in his second season he managed to be First Division Champion and winning the two Cup competitions they played on. On that same year he was offered the position of head coach of the Romanian Women’s National Team. Before leaving Romania he still coached BC Mureș (Firt Division). Aftwards, he spent one season as assistant coach on the Oettinger Rockets Gotha (2.Basketball Bundesliga Pro A) before going to Austria where he coached the men’s team from Panaceo Raiders Villach. Before arriving to Heffingen, he still returned to BC ICIM Arad. We believe Stacey is the right man for the job since he has experience in getting teams promoted and maintaining them on the first level the next season which fits our Men’s team profile. He coached men and women which is also a good thing since besides the Men’s team he will also be coaching Cadettes/Filles Scolaires and Minis.

Just like we announced before, Julie Kremer will be coaching the new Women’s team. Julie played her last 12 seasons for Résidence Walferdange, being also called for Luxembourg National Team on all levels, and is currently taking the “C” license coach course.

Lastly, Diogo Lopes will be giving continuity to his work with the Poussins and Fillettes in 2018/2019. Before arriving to the Club last season, where he embraced his coaching role officially for the first time, Diogo was Basketball Coordinator at the University of Aveiro (Portugal) where, during his term, the Men’s team managed to be University National Champions for 3 times and the Women’s team for 5. These titles led him to accompany “his” teams in 3 University European Championships (Spain, Slovenia and Hungary). From the Men’s team late success, he co-created a project that consisted in joining all university players in the most emblematic Club from the city of Aveiro, SC Beira-Mar, that had no Men’s team at the time. That team managed to get promoted to the Second Division in two years, mainly with university students/athletes. Besides coaching Youth teams at the Club last season, and just like Julie, Diogo is also taking the “C” license coach course.

To the three coaches, we wish all a good work and lots of success.

Leave a Reply